This Day In Music - 9. FebruarMadonna, The White Stripes & Pink

Haut op engem 9. Februar...

09.02.2018, 13:46:48

© VALERY HACHE / AFP

Haut virun 33 Joer huet d'Madonna sech während 3 Woche mat sengem Album 'Like a Virgin' an den US-Charts konnte behaapten. Net fir näischt esou laang op der éischter Plaz gehéiert den Album dach zu den absolute Bestseller mat iwwer 21.000.000 verkaaften Alben.

Manner glécklech waren The White Stripes, wou d’US Air Force eent vun hire Lidder benotzt huet, fir Leit mat engem Werbespot ze rekrutéieren. Di zwee Museker hunn sech doropshin ëffentlech op hirer Websäit beschwéiert, datt d’Air Force onerlaabt hiert Lidd benotzt hunn fir en Krich ze ënnerstëtze, vun deem d’Kënschtler selwer näischt halen.

Haut viru genau 16 Joer am Eldo Chartbreaker hate mer d’Pink mat sengem Party-Hit "Get the Party started". Während 2 Wochen huet sech d’Single aus dem Album 'Missundaztood' op eiser Nummer 1 gehalen an och um Rescht vun der Welt konnt een dem Party-Lidd net widderstoen. Nummer 1 an Australien, Nummer 2 an Däitschland an an England an eng solid Nummer 4 an den US-Billboard Charts si fir den Titel deemools erausgesprongen.