
© LOIC VENANCE / AFP
1996 hunn sech Take That mat 7 No. 1 Singles & 2 No. 1 Alben als eng vun de gréisste Bands vun de 90er getrennt. Annoncéiert hunn se d’Trennung am Hilton Hotel zu Manchester. 10 Joer dorop hunn sech d’Memberen erëm zesummegedoen an hunn säitdeem nach eng kéier 5 No. 1 Alben an den UK erausbruecht. D’Trennung koum iwwregens um Robbie Williams sengem 22 Gebuertsdag. De Museker kritt der deemno haut 44!
De Peter Gabriel vun Genesis gëtt haut och méi al. Et ass säin 68.
Viru 14 Joer krut Led Zeppelin während de Grammys en 'Lifetime Achievement Award' iwwerreecht. Verständlech, huet di weltberühmt Rockband dach esou vill aner berühmt Bande mat hirer Musek inspiréiert.
Vu Queen bis zum Lady Gaga ginn et vill Kënschtler, déi Led Zeppelin als Virbild ernimmen.
Am ELDO Chartbreaker hate mer virun 8 Joer de One Hit Wonder Timid Tiger, deen sech mat sengem engem Song "Electric Island" während 2 Wochen un der Spëtzt gehalen huet.