
© GUILLAUME SOUVANT / AFP
Virun 31 Joer huet d’Single "Livin’ on a Prayer" et fir 4 Wochen op d’1 vun den US-Singles Charts gepackt. De Kult-Hit vun der Rock Grupp Bon Jovi war Deel vum 'Slippery when Wet'-Album, deen och en risege Succès war an et an deem Joer während 8 Wochen op der Nummer 1 vun den US-Billboard Charts gehalen huet.
1999 hat de Lenny Kravitz säin éischten No. 1 Hit an den UK-Charts mat "Fly Away". D’Single vu sengen Album '5' war dem Kravitz seng erfollegräich Introduktioun an de Mainstream-Rock an huet dem Sänger an deem Joer zu engem Grammy Award als 'Best Male Rock Performance' verhollef.
Och an eisen eegenen ELDO-Charts bleiwe mer an den 90s, well viru genau 20 Joer war d’Single "It’s like that" vun der Hip-hop Grupp Run-D.M.C fir 1 Woch op der Nummer 1 am ELDO Chartbreaker.