This Day In Music - 15. FebruarBee Gees, Pussycat Dolls & Mark Ronson

Haut op engem 15. Februar...

Leschten Update: 15.02.2018, 17:23:30

© VALERIE MACON / AFP

Um 15. Februar 1979 hunn d'Bee Gees bei den 21. Grammy Awards ofgeraumt. 'Best Pop Group' a 'Best Arrangement for Voices' gouf et fir "Staying Alive". De Soundtrack zum 'Saturday Night Fever'-Film krut de Präis fir den 'Album of the Year'. Eleng an den USA sollt den Album 120 Wochen an den Charts bleiwen an dovu 24 Wochen um Stéck op der Plaz 1!


Haut virun 9 Joer hunn d’Pussycat Dolls an der Rockhal gespillt. D’Girls Band déi et haut net méi gëtt, war mat 2. Alben a Lidder wéi "Don’t Cha" an "I Don’t Need A Man" op Lëtzebuerg komm. Am Virprogramm huet en deemools gréisstendeels dat onbekannten Lady Gaga gespillt. D’Fro, wien haut wiem säi Support Act wier, wier relativ schnell beäntwert.

1 Millioun Mol huet sech dem Mark Ronson säin "Uptown Funk" haut virun 3 Joer verkaf! 10 Wochen nom Release. Wat net schlecht ass. Eng 150 aner Lidder hunn et nach méi seier gepackt gehat, wéi de Ronson, deen de Bruno Mars u senger Säit hat. "Uptown Funk" ass, wat vill Leit net wëssen, och e Soundtrack zum 'Fifty Shades of Grey'-Film!