This Day In Music - 16. FebruarRobbie Williams, Lady Gaga & Versus You

Haut op engem 16. Februar...

Leschten Update: 19.02.2018, 10:14:55

© JOHN MACDOUGALL / AFP

3 Awards fir de Robbie Williams bei de Brit Awards 1999 um 16. Februar. 1 mol fir de beschte britesche Solo Museker. Dann awer och fir de Video vum Joer fir d’Single "Millennium" an eben och fir di beschte Single. Do sollt säi mega Hit "Angels" ausgezeechent ginn.


Um Dag vun haut am Joer 2011 ass "Born This Way" vun der Lady Gaga op d’1 an den USA geklommen. Naischt besonnesches kinnt een mengen, et gouf jo virdru schonn 999 aner Lidder déi de Sprong un d’Spëtz an de States gepackt hunn. An do hu mir et: D’Musekerin ass mam 1.000 Number One Hit an d’Geschicht agangen.


Haut virun 10 Joer sollten d’Lëtzebuerger Museker vu Versus You d’Plaz 1 vum Eldo Chartbreaker anhuelen. Hiren Hit "The Hotel Room" ass fir 2 Woche mat de meeschte Votingstëmmen ganz uewen am Klassement bliwwen.


Gebuertsdag huet haut den The Weeknd. De kanadesche Museker ass am Joer 1990 ënnert dem Numm Abel Tesfaye op d’Welt komm a kritt 28 Joer.