This Day In Music – 17. FebruarAC/DC, Franz Ferdinand & Ed Sheeran

Haud op engem 17. Februar...

Leschten Update: 19.02.2018, 08:34:53

© JOSE JORDAN / AFP

Haut viru 43 Joer huet AC/DC saïn Debut Album "High Voltage" verëffentlecht.
Den éischten Album vun der ikonescher Rockband ass ufanks nëmmen an Australien erauskomm an krut réischt e Joer méi spéit mat enger anerer Track-Lescht en internationalen Release.

2005 huet déi schottesch Band Franz Ferdinand Musek Geschicht geschriwwen. Déi 6 Kënschtler hunn nämlech dat Joer bei den New Musical Express Awards den Präis fir 'Best Album' AN 'Best Single' kritt. Domat waren si den éischten Act an der Geschicht, deen den 'Mercury Music Prize', bei den Brit Awards an bei den NME Awards am gläichen Joer gewonnen huet.

Alles Guddes wënschen mer haut dem Billie Joe Armstrong. Den Lead-Sänger vun Green Day kritt dëst Joer seng 46 Joer.

E bësse méi jonk ass den Ed Sheeran, deen haut seng 27 feiert.
2012 hat de jonken Sänger 2 Brit Awards gewonnen a saï Lidd "A-team" krut en 'Ivor Novello Award' fir 'Best Song Musically and Lyrically'.
2016 krut en och e Grammy fir saïn Album “Thinking out loud”.

An eisem Eldo Chartbreaker hate mer viru genau 11 Joer de Song "Grace Kelly" vum MIKA, dee sech während 2 Wochen op der Spëtzt gehalen huet.