This Day In Music - 21. FebruarBen E. King, Pussy Riots & Kings of Leon

Haut op engem 21. Februar...

Leschten Update: 24.02.2018, 10:11:41

© Eldoradio

Haud virun 31 Joer war "Stand By Me" op der Nummer 1 vun den UK Singles Charts. Dem Ben E. King seng Single ass schonn 1961 erauskomm, ma als Soundtrack zum Film mam nämmlechten Titel ass de Song erëm an d’Charts geklommen. D’Lidd dat iwwer 400 mol gecovert ginn ass, sollt sech am Original iwwer 17 Millioune Mol verkafen.

Haut viru 6 Joer ass di russesch feministesch Punk Rock Grupp Pussy Riots an enger Moskauer Kathedral op d’Bühn gestiermt. 41 Sekonnen huet hiren Optrëtt gedauert, éier d’Securitéit si aus der Kierch geschleeft huet. E Protest Video mam Titel "Punk Prayer – Mother of God, Chase Putin Away" sollten Si an d’Netz setzen. An den Deeg duerno sinn si verhaft an ewechgespaart ginn, wat fir grouss Protester gesuergt huet.

An 2 Concerten an de leschte Joren op engem 21. Februar zu Lëtzebuerg. Viru 6 Joer war di dänesch Musekerin Aura Dione am Atelier. An 4 Joer ass et hier, dat Beady Eye mam fréieren Oasis Museker Liam Gallagher an der Rockhal waren.

Haut virun 9 Joer sinn d’Kings of Leon fir eng Woch op d’Plaz 1 vum Eldo Chartbreaker geklommen. Iwwert eldo.lu hat dir hirem Song "Use Somebody" di meeschte Stëmme ginn. D’Lidd war op hirem 4. Album "Only by the Night" drop a sollt bei de Grammy Awards 2010 de Präis fir 'Record of the Year' kréien. Déi gréissten Auszeechnung fir e Song iwwerhaapt.