This Day In Music - 22. FebruarSpice Girls, Clean Bandit & James Blunt

Haut op engem 22. Februar...

Leschten Update: 24.02.2018, 10:11:00

© JOHANNES EISELE / AFP

"Wannabe" vun de Spice Girls ass haut virun 19 Joer op d’1 vun de UK Charts geklommen. 7 Wochen um Stéck sollt d’Lidd uewe bleiwen. Weltwäit huet Wannabe et an 22 Länner op d’1 gepackt. Et sollt di meeschtverkaaft Single vun enger weiblecher Band op der Welt ginn. Iwwer 7 Millioune mol gouf d’Debutsingle vun der Girl Band verkaf. D’Lidd war drop op hirem Debutalbum „Spice“.

Nummer 1 virun 2 Joer am Eldo Chartbreaker fir Clean Bandit an d’Jess Glynn. "Rather Be" sollt hiren éischten Hit sinn an dem Jess Glynn zum Duerchbroch hëllefen. Um nämmlechten Dag sollten d’Newcomer vu Klingande op Lëtzebuerg kommen an an der Rockhal spillen.

42 Joer kritt haut den James Blunt. De britesche Museker  hat 2005 säin éischten Hit "You’re Beautiful". D’Lidd huet de Museker weltbekannt gemaach. 1 Joer méi al gëtt haut och den däitsche Museker Axl Bosse. Hie kritt der 36.