
De 6. King of Pop Album, sollt deen Album ginn, de sech bis haut op der ganzer Welt am meeschte verkaf huet! Thriller ass am November 82 erauskomm, a sollt um 26 Februar 1983, also haut viru 35 op d’1 an den USA klammen. Den Album, deen 33x Multi-Platin kritt huet, huet Lidder wéi “The Girl Is Mine”, “Billie Jean”, “Wanna Be Startin’ Something”, “Beat It” a natierlech och “Thriller” mat drop.
De Song “Lemon Tree” ass vun enger däitscher Band! Fools Garden! Hire gréissten an och eenzege groussen Hit sollt haut virun 20 Joer fir 4. Wochen op d’Plaz 1 vun den däitschen Charts klammen. Den Hit, deen haut nach gären zum matsangen animéiert, sollt awer virun allem a Groussbritannien net ukommen, a just d’Plaz 26 vun den Charts anhuelen.
D’Band ëm de Sänger Adam Levine war haut viru 7 Joer an der Rockhal. De Lëtzebuerger Public krut dobäi de Song “She Will Be Loved” akustesch presentéiert.
An de 26. Februar wier de Gebuertsdag vum John R. Cash, genannt Johnny Cash gewiescht. Den US Museker hätt haut 86 Joer kritt. Am September 2003 sollt de Cash zu Nashville stierwen. Hien ass 71 Joer al ginn.