This Day In Music - 02. MäerzChristina Aguilera, Free, Chris Martin

Haut op engem 2. Mäerz...

Leschten Update: 03.03.2018, 13:27:36

© ROBYN BECK / AFP

Am Joer 2003 huet d’Christina Aguilera et fir 4. Kéier un d’Spetzt vun den UK Singles Charts gepackt. Mat “Beautiful” huet d’Sängerin ausserdeem och en Grammy Awards fir Bescht Weiblech Pop Performance gewonnen. De Song vum Album „Stripped“ sollt vum Rolling Stone Magazin zu engem vun de Beschte vun de 00er Jore gewielt ginn.

1970 hu Free hire „All Right Now“ erausbruecht. 21 Joer méi spéit, um Dag vun haut am Joer 1991 sollt de Song zréck an d UK Charts klammen an op d’2 erop stiermen. D’Lidd a virun allem déi zoustänneg Reklamm fir den Chartsprong kinnt Iech nach e Begrëff sinn: Et war d’Wrigleys, also d Knätsch Reklamm.

Happy Birthday wënsche mir dem Chris Martin. Den Englänner ass net nëmme Co-founder vu Coldplay mee och de Singer-Songwriter, Pianist, Gittarist a Leadsänger. D’Multitalent kritt 41 Joer. Mat Coldplay huet en iwwer 90 Millioune Singlen an Albe verkaf.

LMFAO waren haut a muer, viru 6 Joer zu Lëtzebuerg. Den EDM Duo huet op 2 Deeg hannerteneen d’Rockhal gefëllt an eng riseg Party gefeiert! Béid Optrëtter waren Ausverkaf. Haut héiert een allerdéngs näischt méi vum US Duo.