This Day In Music - 05. MäerzMichael Jackson, Madonna & John Belushi

Haut op engem 5. Mäerz...

Leschten Update: 06.03.2018, 08:23:50

Number One an de US Single Charts haut viru 35 Joer fir dem Michael Jackson säi “Billie Jean”. D’Lidd vum Album “Thriller”, krut e Grammy, war no “The Girl Is Mine” den 2. Release vum Album an eent vu 7. Lidder vum Longplayer déi zu engem Number One Hit gi sinn. Weltwäit ass d’Lidd iwwer 12 Millioune Mol an de Verkaf gaangen a sollt sech fir 7 Wochen op der 1 vun de US Single Charts halen.

 

Dem Madonna säi Cover vum 1972 Hit “American Pie”, am Original vum Don McLean sollt haut virun 18 zur 1. A Groussbritannien ginn. De 5 Nummer 1 Hit an de UK, vum Madonna. De Film war Soundtrack zum Film The Next Best Thing, an dem d Schauspillerin selwer matgespillt huet. Am Original hat den Don McLean d Lidd erausbruecht, well seng Idoler Buddy Holly, The Big Bopper a Ritchie Valens e puer Joer virdru mam Fliiger erofgefall waren an Ëmkomm sinn. E beséngt dat am Lidd mat de Wieder “The Day The Music Died”.

 

Di belsch Museker vun Triggerfinger sollten haut viru 7 Joer am Atelier spillen. Zanterhier sinn si reegelméisseg zu Lëtzebuerg gewiescht. Fir d’lescht am Dezember vum leschte Joer.

 

An den Dag vun haut ass den Doudesdag vum Schauspiller a Sänger John Belushi. De Museker, deen een aus de Blues Brothers Filmer kennen dierft war un enger Iwwerdossis verstuewen. Hien sollt 33 Joer al ginn.