This Day In Music - 06. MäerzRolling Stones, Smudo & Ed Sheeran

Haut op engem 6. Mäerz...

Leschten Update: 06.03.2018, 08:28:57

© JOHN MACDOUGALL / AFP

Déi britesch Museker vun de Rolling Stones hunn um Dag vun haut, virun 52 Joer ugefaangen hire “Paint It, Black” opzehuelen. De Song sollt genee 2 Méint spéit erauskommen an zu engem Nummer 1 Hit ginn. De Song sollt an enger 2 Phase och zum Opening-Track vum 4. Rolling Stones Album „Aftermath“ ginn, deen an den USA erauskomm ass. Op der Original, britescher Versioun war d’Lidd net drop ze fannen.

 

Den 3. Mäerz d’lescht Joer huet den Ed Sheeran säi laang erwaarten an 3. Album „Divide“ erausbruecht. 3 Deeg méi spéit, also haut virun engem Joer, hat en esou vill Alben a senger britescher Heemecht verkaf, wéi réicht 2 aner Albe virun him. Dem Adele säi „25“ a „Be Here Now“ vun Oasis. Op Spotify war den Album um éischten Dag vum Release eng 56 Millioune mol gelauschtert ginn, wat e neie Rekord sollt sinn.

 

De Michael Schmidt, bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Smudo kritt der haut 50! Als Member vun der Band Die Fantastischen Vier ass e säit 1989 ënnerwee. Mam Michi Beck setzt hien iwwerdeems säit 2014 an der The Voice of Germany Jury. Mat senger Band kënnt hien d’nächst Joer, de 19. Januar Live an d’Rockhal.