This Day In Music - 07. MäerzStromae, Pharell Williams & Eliie Goulding

Haut op engem 7. Mäerz...

Leschten Update: 08.03.2018, 07:45:14

© YOSHIKAZU TSUNO / AFP

Nummer 1 bei eise franséischen Noperen haut viru mëttlerweil schonn 8 Joer fir de Lokalmatador Stromae a „Alors On Danse“! D’Stromae-Duerchbrochsingle sollt fir ganzer 10. Wochen op der 1 bleiwen! Och bei eis zu Lëtzebuerg an a ganz villen anere Länner d‘1 anhuelen. An Däitschland ass d’Lidd 57 Wochen an den Charts bliwwen. A Frankräich hunn sech dëst Joerdausend nëmmen eng knapp 80 Lidder méi oft verkaf.

 

Den erfollegräichste Song vum Joer 2014 an Däitschland, sollt haut viru 4 Joer op d‘1 vun de Single Charts bei eisen Nopere klammen. „Happy“ vum Pharell Williams sollt fir 6. Wochen uewe bleiwen a sech eng 14 Millioune mol weltwäit verkafen. D’Live Versioun vum Song sollt 2015 e Grammy Award fir déi beschte Pop-Solo-Performance kréien.

 

„Love Me Like You Do“ vum Ellie Goulding war Soundtrack zum éischte Fifty Shades of Grey an och d’1 vum Eldo Chartbreaker. Dëst sollt um 7, an um 14. Mäerz 2015 de Fall sinn. Di elektronesch Power-Ballad sollt fir e Grammy Award nominéiert ginn an déi erfollegräichsten Ellie Goulding Single ginn. De Video zum Song ass bis haut iwwert 1 Milliard mol op Youtube gekuckt ginn.