This Day In Music - 08. MäerzLouane, Lenny Kravitz & Ace of Base

Haut op engem 8. Mäerz...

Leschten Update: 08.03.2018, 07:50:37

© Thomas SAMSON / AFP

Am Summer kennt e fir déi 3. Kéier op Lëtzebuerg, an haut virun 10 Joer stoung mat engem Song, dee sécher net feele wäert, op der 1 vum Eldo Chartbreaker! De Lenny Kravitz mat sengem I’ll Be Waiting. D’Powerballad war den éischte Song vu sengem 8. Album „It Is Time for a Love Revolution“. An dësem Joer bréngt de Rockmuseker e neien Album mam Titel “Raise Vibration” eraus. Et wäert säin 11 Album sinn.

 

Den éischte grousse Louane Hit sollt haut virun 3. Joer a senger franséischer Heemescht fir 2. Wochen un d’Chartspëtz klammen. „Avenir“ war déi 2. Single vun der The Voice Halleffinalist aus dem Joer 2015, an de bis wëll nach ëmmer gréissten Hit vum Louane. De Song war drop op sengem éischten Album Chambre 12.

 

An Ace of Base stoungen haut virun engem véierels Joerhonnert op der Plaz 1 an Däitschland. „All That She Wants“ sollt e groussen Hit ginn a ganzer 2 Méint un der Spëtz bleiwen. De Song sollt e groussen US a UK Hit ginn. Eleng 1 Millioun mol sollt d Lidd sech 93 an den USA verkafen.