
© ODD ANDERSEN / AFP
Um 22. Mäerz 1978, also haut viru 40 Joer hunn The Police hire Plackekontrakt bei A&M Records ënnerschriwwen. Si sollte bis haut 6 Grammy Awards wannen an iwwer 75 Milliounen Alben a Single verkafen. An dat obwuel et Band nëmmen tëscht 78 a 86 gouf. Eng Reunion gouf et an de Joren 2007 an 2008. Den 30 Juni, kennt hire fréiere Member, de Sting Open Air op de Belval.
Am Joer 1980 si Pink Floyd um 22. Mäerz fir 4 Wochen op d‘1 vun de US Single Charts geklommen. Hire mega Hit „Another Brick in The Wall (Part II)“ sollt hiren eenzegen Number One Hit an de States iwwerhaapt ginn. De Rolling Stone Magazin feiert de Song op 375 vun de beschte Songs iwwerhaapt. D’Lidd huet sech ronn 4 Millioune mol verkaf.
Viru 5 Joer sollt de Passenger mat sengem „Let Her Go“ zur Nummer 1 an Däitschland ginn. Iwwer 4 Millioune mol ass d’Lidd an den USA verkaf ginn an a senger britescher Heemecht ass d’Lidd eleng online iwwert 1 Millioune mol verkaf ginn. D’Lidd war di 2. Single vu sengem 3 Album „All the Little Lights“ a sollt dem Passenger zum internationalen Duerchbroch verhëllefen.