
© Eldoradio
Lëtzebuerger Museker stoungen haut virun 10 Joer am Eldo Chartbreaker uewen! D'Band gëtt et haut awer net méi! Metro, mat „She Went Under“ sollt 2. Woche vun Iech déi meeschte Stëmme kréien.
Mir ginn 8 Joer weider a switchen eriwwer an déi franséisch Charts. Och do war et e Lokalmatador: De Kungs mat sengem This Girl. Fir 2. Wochen ass a Frankräich un der Spëtz bliwwen .
U2 sollten haut virun 13 Joer hier grouss Vertigo Tour zu LA starten. Di britesch Museker hunn 131 Concerten op der ganzer Welt gespillt, an dobäi iwwer 4 Milliounen Tickete verspillt. Bis haut zielt se zu den erfollegräichsten Toure vun allen Zäiten. 4 Joer méi spéit sollten se op hir 360° Grad Tour goen, déi déi Lescht bis haut uféiert!
Haut gëtt et e Joer dat de Rag'N'Bone Man mat sengem Debutalbum zu Lëtzebuerg war. Säin Optrëtt sollt ee vun den éischte vu senger Tour sinn, wat een dem zréckhalende Museker ugemierkt huet. Am November war den 3 fache Brit Award Gewënner zréck zu Lëtzebuerg.
D'Lady Gaga kritt der haut 32!