This Day In Music - 05. AbrëllKurt Cobain, Jamiroquai & Pharell WIlliams

Haut op engem 5. Abrëll...

Leschten Update: 05.04.2018, 07:19:35

© STR / AFP

Traureg Nouvellë koumen op engem 5. Abrëll 1994 vu Seattle aus den USA, de Nirvana Sänger Kurt Cobain huet sech haut viru 24 Joer d'Liewe geholl! Hien sollt 27 Joer al ginn. Um Dag vun haut, viru 7 Joer, sollt a senger Heemechtsstad eng Gedenktafele fir de Museker opgeriicht an ageweit ginn.

 

7 Joer ginn et dann dat Jamiroquai an der Rockhal gespillt hunn. Déi britesch funk an Jazz Band huet deemools Lidder wéi „Little L“, „Canned Heat“ an och „Love Foolosophy“ mat op der Setlist gehat. Hire Sänger, den Jay Kay, hat um Concert e wäissen Hutt un. Op anere Plazen ass e ganz gären och mol aus Häuptling opgetrueden!

Eng weider Perséinlechkeet aus der Musekswelt, déi Wert op d’Kappbedeckung leet, ass de Pharell Williams. Museker, Producer, Songwriter, Schauspiller a vun haut un 45 Joer al, dat ass de Pharell. Songs huet e geschriwwe fir e.a de Nelly an d Britney Spears. Selwer hat e säi Mega Hit mat « Happy » am Joer 2013. Fir dat Lidd gouf et zwee Grammy Awards an iwwer 14 Millioune Sales op der ganzer Welt.