This Day In Music - 11. AbrëllOne Republic, Nirvana & Kylie Minogue

Haut op engem 11. Abrëll...

Leschten Update: 11.04.2018, 08:44:26

© JUSTIN TALLIS / AFP

Et ginn haut 5 Joer, dat One Republic zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. Et war ee vun de sëllegen Optrëtter vun der Band ronderëm de Ryan Teddar am Grand-Duché. Den Optrëtt sollt 2. Woche sinn, nom Release vun hirem 3. Album „Native“ mat de Lidder „Feel Again“, „Couting Stars“ oder och „Love Runs Out“ drop.

Vill Nirvana op engem 11 Abrëll. 6 Deeg nom Dout vum Museker am Joer 1994, sollt hiren Album “In Utero” sech esou oft verkaf hunn, dat en Douebel-Platin kritt huet. E Geriichtsmedeziner huet um nämmlechten Dag de Selbstmord vum Kurt Cobain offiziell confirméiert. An haut ginn et dann och 4 Joer, dat d US Grange Band an d Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn ass.

 

An 30 Joer ginn et um 11. Abrëll dat d’Kylie Minogue säi Mega-Debut bei eisen däitschen Nopere gekréint huet. Seng Debutsingle vu sengem Debutalbum „Kylie“, de Song „I Should Be So Lucky“ ass fir 2. Wochen zur Number One vun den däitsche Single Charts ginn. Säin Debutalbum sollt sech iwwer 6. Millioune mol verkafen. 19 Joer war di australesch Musekerin dee Moment al.

Um 11. Abrëll 2014 hu Clean Bandit zesumme mam Jess Glynne d‘1 an Däitschland ageholl, dat mat hirem Hit „Rather Be“. Eng Single déi virun allem dem Jess Glynne zum Duerchbroch verhëllefe sollt.