This Day In Music - 16. AbrëllPrince, Kiss & Lionel Richie

Haut op engem 16. Abrëll...

Leschten Update: 16.04.2018, 15:10:25

© BERTRAND GUAY / AFP

“The Most Beautiful Girl in The World” war dem Prince seng 37. Single, an déi alleréischten déi et an de UK Single Charts op d’1 gepackt huet. Dat war haut viru 24 Joer. De Song war d’Leadsingle vum Album “The Gold Experience”, dem 17. Album vum Amerikanesche Museker. Den 21. Abrëll 2016 sollt de Prince am Alter vu 57 Joer verstiewen.  

 

11 Joer ginn et haut, dat de Lionel Richie zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt huet. An de Joren 2012 an 2015 sollt en op e Neits op Lëtzebuerg kommen. Am Joer 2016 sollt de Museker fir säi Liewenswierk an iwwer 100 Milliounen Sales bei de Grammy Awards mat engem spezielle Präis ausgezeechent ginn. 2009 huet en am Kader vu senger „Coming Home Tour“ zu Lëtzebuerg gespillt.

 

A Kiss sollten haut virun 22 Joer e Maske-Comeback bei den 38. Grammy Awards feieren. Säit 1983 waren se net méi geschminkt opgetrueden, dat sollt sech um 16.4.1996 awer änneren. Et war och fir déi éischte Kéier a 15 Joer, dat d’ganz Band zesummen op der Bühn stoung. Bis haut sinn iwwer 75 Milliounen Alben a Singlen vu Kiss verkaf ginn. Säit 2014 gehéiere Si och zur Rock and Roll Hall of Fame.