This Day In Music - 23. JuliAmy Winehouse, Frank Sinatra & Enrique Iglesias

Haut op engem 23. Juli...

Leschten Update: 23.07.2018, 11:14:48

© SHAUN CURRY / AFP

Den 23 Juli ass den Doudesdag vum Amy Winehouse. Di britesch Ausnahmmusekerin ass haut viru 7 Joer dout a senger Londoner Wunneng fonnt ginn. D’Musekerin hat ëmmer nees Drogen- an Alkoholproblemer, déi och de Grond fir den Dout waren. D’Amy Winehouse an ass grad mol 27 Joer al ginn.

Dem Frank Sinatra säin erfollegräichsten Album „Strangers in the Night“ sollt et haut virun 52 Joer op d‘1 vun de US Album Charts packen, sech iwwert 1 Millioun Mol a relativer kuerzer Zäit verkafen an 2 Grammy Awards fir den Titeltrack akasséieren.
 

Et war de Latin Song vum Joer 2016: „Duele el Corazón“ vum Enrique Iglesias! E Lidd dat haut viru genee 2 Joer op d‘1 an eisen hauseegenen Charts geklommen ass an 3. Wochen uewen am Chartbreaker bliwwen ass. Iwwer 2 Millioune mol ass de Song verkaf ginn an iwwer 230 Millioune mol gestreamt ginn.

 

An de Slash huet haut Gebuertsdag. De Gittarist dee mat Guns N‘ Roses grouss eraus komm ass an och Solo ënnerwee ass, ass ënnert dem Numm Saul Hudson op d’Welt komm a kritt haut 53 Joer.