This Day In Music - 24. JuliSurvivor, Gossip & Jennifer Lopez

Haut op engem 24. Juli...

Leschten Update: 24.07.2018, 14:36:01

© FREDERIC J. BROWN / AFP

De Survivor Mega-Hit “Eye of the Tiger”, e Song fir d’Éiwegkeet ass haut viru 36 Joer un d’Spëtz vun de US Single Charts geklommen. De Soundtrack aus dem Rocky III Film sollt och e Grammy Award gewanne fir di beschte Rock Performance. De Song war um 3. Survivor Album och mam Titel „Eye of the Tiger“ drop. De Song gouf fir de Rocky Film geschriwwen, nodeems Queen dem Silvester Stallone net d’Erlaabnis ginn haten, de Song „Another One Bites the Dust“ ze benotzen. Wier di Entscheedung deemools aneschters getraff ginn, géif et deen Hit haut guer net ginn.

 

Et gi schonn 9 Joer dat den éischte groussen Hit vu Gossip op d’1 vum Eldo Chartbreaker geklommen ass. De Samschde 24.07.2009 an deen drop huet d’Single “Heavy Cross” sech un der Spëtz vum Chartbreaker konnten halen. D’Band ëm d’Sängerin Beth Dito hat kuerz virdrun hire 4. Album „Music For Men“ eraus bruecht. En Album dee sech bei eisen Noperen an Däitschland an och hei bei eis gutt verkaf huet. An de leschte Joren ass et awer roueg ginn, ëm D’US Amerikaner.

 

An d’Jennifer Lopez kritt haut 49 Joer!