This Day In Music - 25. JuliAC/DC, Snow Patrol & Jamiroquai

Haut op engem 25. Juli...

Leschten Update: 25.07.2018, 07:28:18

© Eldoradio

Nom onerwaarten Dout vum AC/DC Sänger Bon Scott am Februar 1980, hunn d’Museker him de Nofolger-Album dediéiert! Back in Black, mat engem komplett schwaarze Cover a just AC/DC drop stoen war den éischten Album mam Brian Johnson, deen de Bon Scott un de Vocals ersat hat. Den Album sollt um 25. Juli 1980 erauskommen a nieft „Back in Black“ och „Hells Bells“ a „You Shook Me All Night Long“ drop hunn. En huet sech bis haut ronn 50 Millioune mol verkaf.

 

9 Joer ginn et haut, dat d’Band ëm de Sänger Gary Lightbody, d’Band Snow Patrol zu Lëtzebuerg am Atelier gespillt huet.  Ronn 3.500 Leit hunn d’Museker um Samschden, 25.07.2009 Live gesi gehat. De Museker hat de Public op Lëtzebuergesch begréisst an duerno huet kee vun de groussen Hits gefeelt. Ënnert de 17 Lidder ware Songs wéi „Run“, „Chasing Cars“ an „Take Back The City“. Nodeems de Sänger an de leschte Jore mat Depressiounen ze kämpfen hat, an et ëm d Band méi roueg gi war, hu si an dësem Joer e Comeback gefeiert. „Wildness“, hire 7. Album ass am Mee erauskomm.

13. Jamiroquai Hit an hiren éischte Nummer 1 Hit an de UK, dat sollt de Song “Deeper Underground” sinn. E Lidd dat haut virun 20 Joer zur 1 an England ginn ass.