This Day In Music - 26. JuliMick Jagger, Peter Gabriel & K-Maro

Haut op engem 26. Juli...

26.07.2018, 07:28:21

© YAMIL LAGE / AFP

De Mick Jagger, Sänger vun The Rolling Stones huet haut Gebuertsdag. Hie kritt 75 Joer. Säit 1960 ass hien als Schauspiller a Sänger aktiv. Am Joer 89 ass hien d’Rock and Roll Hall Of Fame opgeholl ginn.  Mat de Stones huet hien iwwer 200 Milliounen Alben a Single verkaf. 

 

32 Joer ginn et haut, dat dem Peter Gabriel säi Sledgehammer“ op d‘1 vun de UK Single Charts geklommen ass. ET war de 4. Number One Hit a Groussbritannien fir de Museker, deen Genesis am Joer 75 verlooss hat. Bei den MTV Awards am Joer 1987 huet „Sledgehammer“ 7 Präisser gewonnen. Bis haut ass et de meeschtgespillte Song op MTV.

 

An a Frankräich sollt dem K-Maro säi „Femme Like U“ fir 1. Woch op d‘1 vun den Charts klammen. Dat ass haut 14 Joer hier. Beim Museker handelt et sech em e Kanadier. D’Lidd huet sech 2. Millioune Mol verkafen a 17 Länner op d‘1 vun den Charts klammen.