
© DOMINIQUE FAGET / AFP
Zäitgläich ass den éischten Spice Girls Hit a Groussbritannien zur 1 ginn: „Wannabe“. 7 Wochen ass de Song op der 1 vun de UK Single Charts bliwwen. Iwwer 6 Millioune Mol ass d’Lidd bis haut verkaf ginn. Et ass hire gréissten Erfolleg.
Zréck bei d’Fugees an de Pras Michel. Dee Solo och um 27.7 erfollegräich sollt sinn. Am Joer 1998 ass säi „Ghetto Superstar“ zur 1 an Däitschland ginn!
An e weideren Chartbreaker Nummer 1 Hit huet de Will Smith geliwwert. Dat war säi „Black Suits Comin“, haut viru 16 Joer. De Song war Soundtrack zum II „Men in Black“.
A Queen sollten haut virun 32 Joer zu Budapest optrieden. Domat ware si déi éischte Museker aus West-Europa säit 20 Joer déi e Concert am Oste gespillt hunn. De Concert sollt opgeholl a gefilmt ginn an ënnert dem Numm „Queen Magic in Bundapest“ erauskommen.