
© Jorge Amengual / AFP
De Summerhit vun 2011 ass um Dag vun haut viru 7 Joer fir 6. Wochen op d‘1 zu Lëtzebuerg geklommen. An dir wësst nach wéi ee Lidd dat war: „Welcome to St. Tropez“ vum Dj Antoine. Fir den internationalen Hit huet de Schwäizer Dj a Produzent mam russesche Museker Timati zesumme geschafft. „Welcome To St. Tropez“ war de Summer-Hit vum Joer 2011. 6 Joer virdru si U2 fir 2. Wochen zur Plaz 1 zu Lëtzebuerg ginn. Hire „City of Blinding Lights“ vum Album „How to Dismantle an Atomic Bomb“ huet e Grammy Award kritt a war 2. Wochen un der Spëtz vum Chartbreaker.
Wanns du e Superstar bass, kanns du dir anscheinend alles erlaben. An heiansdo klappt et och nach wierklech... Den Axl Rose sollt haut viru 27 Joer e Protokoll an den USA kréien, well säi Chauffeur e U-Turn gemaach hat, wou et net erlaabt war. De Rose huet dem zoustännege Polizist gedréit, de Concert Owes ausfalen ze loossen, wann en dee Protokoll misst bezuelen. De Concert gouf Owes gespillt, de Polizist hat de Protokoll nämlech zerrappt....
An Remake vum Wyclef Jean sengem 2004 Song “Dance Like This” ass zum WM Soundtrack 2006 ginn an haut virun 12 Joer op d’1 vun de UK Single Charts geklommen. Dat war de Song “Hips Don’t Lie” vum Shakira an dem Wyclef Jean. Di kolumbianesch Sängerin huet de Song e.a bei der WM Final am Berliner Olympia Stadion Live performt gehat. D’Lidd ass an iwwer 50 Länner op d‘1 vun den Charts geklommen, dorënner och zu Lëtzebuerg.