
© ANGELA WEISS / AFP
“There Must Be An Angel (Playing with My Heart" vu Eurythmics sollt et haut virun 33 Joer op d’1 an de briteschen Charts klammen. Et sollt den éischten an eenzegen Nummer 1 Hit fir de briteschen Duo an hirer Heemecht sinn. Am Song ass e Mundharmonica Solo vum Steview Wonder dran.
1 US Single Charts Number One Hit fir d’Christina Aguilera mat “Genie In A Bottle”. Dat sollt um 31. Juli 1999 sinn. 5 Wochen ass den Hit un der Spëtz vun den Charts bliwwen. Fir d’Christina Aguilera sollt et de Startschoss vu senger Carrière sinn. Et huet an dem Joer och de Grammy fir di beschten Newcomerin gewonnen. An iwwer 21 Länner ass d’Lidd op d‘1 vun den Charts geklommen.
Et war den Hit vum Joer 2004, “Dragostae Din Tei” en O-Zone Hit deen zum Summerhit 2004 ginn ass an haut virun 12 Joer un d’Spëtz vun den Charts zu Lëtzebuerg, also op d‘1 vum Chartbreaker geklommen ass. Iwwersat heescht den Titel „Words of Love“. De Song a rumänescher Sproch war vun enger Moldawescher Band an ass e.a 12 Wochen op der 1 vun den Hot 100 Charts aus ganz Europa bliwwen.