
© BRITTA PEDERSEN / DPA / AFP
“La Bamba” vun de Los Lobos stoung um 1. August 1987 un der’Spëtz vun de UK Single Charts. De Song ass am Original e Mexikanesche Vollekssong. De Ritchie Valens huet am Joer 58 seng Versioun dovunner erausbruecht. Mat 17 Joer ass de Valens zesumme mam Buddy Holly mam Fliiger erofgefall an ëm d’Liewe komm. Hie war den éischte Museker deen de mexikanesche Song an e rhythmesche Musekstitel ëmgewandelt hat. D’Los Lobos hunn hir Versioun fir de Film „La Bamba“ aus dem Joer 1987 produzéiert gehat.
Horny ’98 vum Mousse T., dem däitschen DJ mat Tierkesche Wuerzelen ass haut virun 20 Joer fir 2. Wochen zur 1 zu Lëtzebuerg ginn. De Museker sollt nieft dem Hit och nach bekannt ginn, wéinst senger Zesummenaarbecht mam Tom Jones an der Single „Sex Bomb“. De Song sollt et an de UK Single Charts op d’Plaz 2 packen.
31 Joer ass et haut hier dat MTV Europe lancéiert ginn ass. Mat engem éischte Video dee vun den Dire Straits komm ass. „Money for Nothing“ sollt dee Song sinn, deen déi grouss Eier hat. D’Auswahl ass net zoufälleg op dat Lidd gefall. Am Lidd schwätzen 2 Aarbechter iwwert d’Museksvideoen déi op MTV lafen an d’Zeil „I Want My MTV“ fält och.