
© Jeppe Vejlø / SCANPIX DENMARK / AFP
D’finnesche Museker vun The Rasmus hate mat hirem “In The Shadows” hire gréissten Hit. Dat sollt och net laanscht Lëtzebuerg goen, an haut virun 15 Joer ass de Song fir e ganze Mount op d’Plaz Nummer 1 vum Eldo Chartbreaker geklommen. D’Lidd vum Album “Dead Letters” war e weltwäiten Hit. Plaz 3 an de UK Charts a Plaz 1 an Däitschland wéi och an Neiseiland.
En onschéinen Dout gouf et um 2. August 2000 fir de Gittarist vu KC and the Sunshine Band. De Jerome Smith ass vun engem Bulldozer zerquëtscht ginn, mat dem hien amgaange war ze hantéieren an ze schaffen. De Museker ass 47 Joer al ginn. Mat der KC and the Sunshine Band hat hien e.a mat
“That’s the Way“ e groussen Hit gelant.
An de Soundtrack aus dem Karate Kid II Film, de Song „The Glory of Love“ vum Peter Cetera ass haut virun 32 Joer zur 1 an de US Charts ginn. De Film deen 1986 13 Milliounen Dollar kascht hat, huet der 115 agespillt gehat.