This Day In Music - 3 AugustTears for Fears, James Hetfield & Los Del Rio

Haut op engem 3. August...

Leschten Update: 03.08.2018, 04:30:02

© YASUYOSHI CHIBA / AFP

Et ass e Song deen d’Musek an den 80er matbestemmt huet. „Shout” vun Tears for Fears, e Lidd dat haut virun 33 Joer zur Nummer 1 an de US Single Charts ginn ass. Et sollt den 2 Number One Hit vum briteschen Duo an den USA ginn an et war den erfollegräichste Song vum Joer 1985. An iwwer 25 Länner stoungen Tears For Fears an der Top 10 vun den Charts.

 

D’Los Del Rio sollten haut virun 22 Joer e One Hit Wonder landen. „Macarena“ ass fir 14 Deeg zur 1 an den USA ginn. D’Lidd vun de Spuenier sollt sech iwwer 11 Millioune mol verkafen.

 

A Gebuertsdag huet haut den James Hetfield, Gittarist a Sänger vu Metallica. Hie kritt der haut 55. De gréissten Charthit sollt e 1991 mat Enter Sandman an dem Nummer 1. Album „Metallica“ hunn. 10 Alben huet e bis haut mat der Band erausbruecht a 9 Grammy Awards gewonnen.