This Day In Music - 6. AugustAbba, Guns N'Roses & Whitney Houston

Haut op engem 6. August...

Leschten Update: 06.08.2018, 04:48:02

© Manjunath Kiran / AFP

Éischte Top 10 Hit fir Abba An den USA, dat war haut viru 44 Joer hire Song „Waterloo“, dee nom Eurovision Song Contest grouss duerchstarte sollt. An dësem Joer hunn di Schwedesch Museker iwwerdeems e kaum fir Méiglech gehalene Comeback ugekënnegt.

 

57 Woche war den éischten Album vu Guns N’Roses “Appetite For Destruction” an de US Album Charts éier en haut viru genee 30 Joer op d’Plaz 1 vun den US Album Charts geklommen ass. Iwwer 5 Millioune mol hat den Album sech an deene 57 Woche verkaf ginn. D’Singlen “Sweet Child O’ Mine”, “Welcome To The Jungle” a “Paradise City” hunn et all an d’Top 10 vun de Single Charts gepackt. Weltwäit sinn iwwer 30 Milliounen Exemplaire verkaf ginn a 17 mol gouf et Platin fir d’Museker ëm den Axl Rose. Den Album ziel zu den erollegräichste Rock Albe vun allen Zäiten.

 

D’Whitney Houston sollt mat enger Ënnerschrëft déi bescht verdéngte Musekerin vun allen Zäite ginn. Déi mëttlerweil verstuerwe Sängerin sollt en 100 Milliounen Dollar Kontrakt mat Arista Records ënnerschreiwen an 3. Weider Alben ënnert dem Label erausbréngen. De leschten dovun, den Album „I Look to You“ sollt en Erfolleg ginn, sech e puer Millioune mol verkafen an d’Chartspetz an den USA anhuelen.

 

An zu Lëtzebuerg sinn haut virun 2. Joer Major Lazer mam Justin Bieber an dem Song „Cold Water“ vun der 0 op d‘1 an den Eldo Chartbreaker erageklommen. Si sollte fir 1. Samschden un der Spëtz bleiwen.