This Day In Music - 7. AugustJames Blunt, The Police & Ed Sheeran

Haut op engem 7. August...

Leschten Update: 07.08.2018, 08:00:02

© ALAIN JOCARD / AFP

Op engem 7. August 2005 ass den James Blunt un d’Spetzt vun den UK Single Charts geklommen! HOOK “you’re beautiful” war dem Museker säin éischte groussen Hit a gouf och fir den Hit vum Joer bei de Grammy Awards nominéiert! 5 Woche sollt de Song op der Nummer 1 vun de UK-Single Charts bleiwen!

 

D’Reunioun Tour vun The Police ass haut virun 8 Joer zu New York am Madison Square Garden op en Enn gaangen. Vun 1986 bis 2007 waren d’Museker ëm de Sting net Ënnerwee. Fir den 30 Gebuertsdag vun der Band hunn d’Museker 151 Concerten op 5 Kontinenter gespillt an dobäi 362 Milliounen Dollar agespillt.

 

Haut fierun 4 Joer war den Ed Sheeran op der Nummer 1 vun den UK-Album Charts! Säin 2. Studio-Album X gouf och mat zéng-fache Platin ausgezeechent an elleng an den UK iwwert 3 Millioune mol verkaaft . Den Album war och zu deem Zäitpunkt de meescht verkaaftenen Album an de UK, gouf awer 1 Joer duerno vum Adele a sengem Album 25 ofgeléist.