
© AXEL SCHMIDT / AFP
De Kanadesche Sänger Shawn Mendes gëtt haut ganzer 20 Joer an ass elo offiziell keen Teenager méi. De Museker deen d’Songs „In my blood“ an „Treat You Better“ eraus bruecht huet ass um 08.08.1998 zu Toronto gebuer.
Genau virun 20 Joer war den Spice Girls hieren Hit ‘Viva Forever’ op der 1 an de UK Charts. D’Brandy an d’Monica waren op der 1 an de U.S. single Charts fir ‘The Boy is mine’.
Firun 31 Joer waren 2 Number One Hits vum Album “The Joshua Tree” an de US Single Charts. Den Album huet sech iwwer 25 Millioune mol verkaf an zielt zu den Alben déi sech bis haut am meeschte verkaf hunn. “I Still Haven’t Found What I’m Looking For” ass op der 1 an den USA gewiercht an war direkt fir 2 Grammy Awards am Joer drop nominéiert ginn.
Virun 26 Joer huet “Rhythm Is A Dancer” ,um Dag vun Haut, e Sechs-Woche-Run op der 1 vun de UK Single Charts higeluecht. D’Dance Museker vu Snap! stounge virdru schonn ee mol op der 1 vun de UK Single Charts. Di däitsch Grupp hat am Joer 1990 en Hit mat der Single „The Power“.