
© JONATHAN NACKSTRAND / AFP
De Longplayer mam Titel “Back in Black” vun ACDC ass haut virun 38 Joer op der Insel un d’Spëtz geklommen. Den éischten Album mam neie Sänger Brian Johnson war dem Bon Scott dediéiert an ass 49 Millioune mol op der ganzer Welt verkaf ginn. Grad emol dem Michael Jackson säin „Thriller“ Album huet sech bis haut méi oft verkaf. Op „Back in Black“ war nieft „Hells Bells“ och „You Shook Me All Night Long“ drop.
Op engem 9. August 1980 sinn Abba an de UK Single Charts op d‘1 geklommen. Hire Song „The Winner Takes It All“ war um Abba Album „Super Trouper“ drop. Béid Abba Koppelen sinn an dem Joer gescheet ginn an de Song vun de Schwedesche Museker sollt genee déi Scheedungen reflektéiere loossen.
An d’Whitney Houston hätt haut Gebuertsdaag gefeiert a sou 55 Joer kritt! D’Sängerin ass allerdengs 2012 dout an engem Hotel zu Beverly Hills opfonnt ginn.
Gebuertsdaag huet haut och nach den Juanes! De Kolumbianeschen Sänger, Gittarist a Songwriter kritt 46 joer!