This Day in Music - 10. August Elton John, Simon and Garfunkel, James Blunt & Katy Perry

Haut op engem 10.August...

Leschten Update: 10.08.2018, 09:12:01

© TASSO MARCELO / AFP

Den 10.August 1970 huet Simon and Garfunkel et op d’Nummer 1 vun de UK single charts gepackt mam Album “Bridge over troubled Water”, Beatles waren op der Nr.2 mat ‘Let it be’ an de Bob Dylan op der 3 mat ‘Self Portrait’.

Haut virun 43 Joer huet den Elton John zu New York am Madison Square Garden gespillt. Näischt Besonnesches amfong, ma de britesche Museker sollt 10 ausverkafe Concerten hannerteneen an der US Metropole spillen an dobäi 1,25 Milliounen Dollar aspillen. Eng Zomme mat deem den Elton John den The Rolling Stones hire Rekord vum Joer virdrunner gebrach huet.

Den 10. August 2005 war den James Blunt Nr.1 UK singles charts mat ‘You’re Beautiful’ an d’Mariah Carey US nr.1 mat “We Belong Together” an Axel F op den Australesche single charts mat “Crazy Frog”.

Haut virun 10 Joer huet d’Katy Perry säin Debut mat “I Kissed A Girl” an ass direct op der 1 an de UK single charts gelant. D’Lidd ass en weltwäiten Hit ginn an huet d’Chart vun 20 Länner gestiermt.