
© Eldoradio
3. Woche Run op der 1 vun de US Single Charts fir de Ghostbuster-Soundtrack um 11. August 1984, also haut virun 34 Joer. De Ray Parker JR. huet mam Soundtrack en absoluten Hit gelant. Allerdéngs krut de Museker virgeworf dem Huey Lewis säin “I Want a New Drug” onerlaabt gesampled ze hunn. Béid konnte sech aussergeriichtlech eenegen.
“Dilemma” e Nelly a Kelly Rowland Hit ass fir 7. Wochen op d’1 vun de US Single Charts geklommen. Dat ginn haut um 11. August 16 Joer. Et war di drëtte Single vum Nelly sengem 2. Album „Nellyville“. Ma d’Lidd sollt och um Kelly Rowland sengem Debutalbum „Simply Deep“ drop sinn. Di 2 sollte mam Lidd e Grammy Award gewannen.
D’Toten Hosen hunn haut virun 3 Joer zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. Am Anfang war der Lärm huet sech hier Tour genannt. Genee esou wéi d’Autobiographie vun den Düsseldorfer Museker ëm de Sänger Campino. Ganzer 33 Lidder hunn d’Hosen dem Lëtzebuerger Public presentéiert. Ugefangen huet den Owend mat „Bonnie & Cyde“, éier tëschenduerch e puer Lidder unplugged gespillt goufen. Op en Enn gaangen ass den Owend am 3 Encore mat „You’ll Never Walk Alone“.
D’Sandi Thom huet haut Gebuertsdag. Di Schottesch Musekerin hat am 2006 mat „I Wish I Was a Punk Rocker“ e groussen Hit a kritt haut 37 Joer.