
© HERBERT P. OCZERET / APA / AFP
Et si scho 46 Joer dat den Alice Cooper mat senger Band an dem Song „School’s Out“ en Hit gelant huet. Um 12 August 1972 sollt de Song un d’Spëtz vun de UK Single Charts klammen. De Museker, deen ënnert dem Numm Vincent Furnier gebuer ginn ass, war gefrot ginn, wéi eng déi 3 schéinste Minutten vum Joer wieren. Doropshin sot hien dat wier op Chrëschtdag Moies, wann een opsteet an och eng Kéier am Summer, dann wann d’Schoulvakanz ugeet.
16 Wochen Plaz 1 an de UK Single Charts fir “Everything I Do, I Do It For You” vum Bryan Adams. Dat ginn elo scho 27 Joer. Dem Kanadier säi Lovesong gouf am Joer duerno mat engem Grammy ausgezeechent. Nieft de 16 Wochen un der Spëtz sinn och nach 9 Wochen op der 1 an de US Single Charts dobäi komm. Verkaf huet sech de Song iwwer 15 Millioune mol.
Den Debutalbum vun der britescher Musekshoffnung Kate Nash ass haut viru 11 Joer an der Heemecht un d’Spëtz vun den Album Charts geklommen. Den Album „Made of Bricks“ sollt allerdéngs just a Groussbritannien esou erfollegräich ginn. Op „Made of Bricks“ war dem Kate Nash säin éischten Hit „Foundations“ drop.
De Sänger vun den Dire Straits, de Mark Knopfler huet haut Gebuertsdag. De Museker kritt 69 Joer.