
© Screenshot / Youtube
Den Uncle Kracker sollt et och bei eisen däitsche Noperen un d’Chartspëtz packen. Dat war am Joer 2001 op engem 13. August. De Song „Follow Me“ ass fir 2. Wochen ganz Uewe bliwwen. Fir den US Amerikaner sollt et de gréissten Hit sinn. De Inhalt vum Song léisst Spillraum fir Spekulatiounen iwwer Drogen a Sex.
Fir Green Day sollt et virun 13 Joer op d‘1 vum Eldoradio Chartbreaker goen. De Song “Wake Me Up When September Ends” vun hirem Album “American Idiot”, dem 7. Album vun der Band ëm de Sänger Billie Joe Armstrong. Fir d Museker gouf et Platin fir Wake Me Up When September Ends“.
De britesche Museker James Morrison huet haut Gebuertsdag. De Singer, Songwriter a Gittarist kritt haut 35 Joer. De Museker hätt sollen 19. Abrëll vun dësem Joer zu Lëtzebuerg spillen, ma de Concert huet missen ofgesot ginn. „Give Me Something“ sollt am Joer 2006 den éischten Hit vum Brit sinn.