This Day in Music - 14. August Beatles, Michael Jackson, James Blunt & Boyzone

Haut op engem 14.August...

Leschten Update: 14.08.2018, 09:05:02

© ANNA ZIEMINSKI / AFP FILES / AFP

 Am Joer 69 hunn d’Beatles entscheet gehat sech vun Verlachsrechter ze trennen. 16 Joer méi spéit ass dee Verlag verkaf ginn an de King of Pop, Michael Jackson huet sech d’Rechter fir knapp 48 Milliounen Dollar geséchert gehat. Mat a säi Besetz sinn deemno ronn 250 Songs gefall, déi den John Lennon an de Paul McCartney geschriwwen haten. 3 Joer nodeems den Jackson an de McCartney zesummen „The Girl Is Mine“ opgeholl haten a vun enger grousser Frëndschaft geschwat haten, war näischt méi vun der Männerfrëndschaft iwwreg.

 

Den James Blunt ass haut fierun 13 Joer op d’Nummer 1 vun de Uk Single Charts geklommen! An zwar mat sengem Hit You’re beautiful. Ma och an den Album Charts war de Sänger fir mat dobäi. Säin Album Back to Bedlam sollt fir ganzer 5 Wochen op der Nummer 1 bleiwen.

 

A no Boyzone koum d’Solo-Carrière vum Ronan Keating, dem iresche Museker. An déi huet haut viru 17 Joer mat engem Number One Hit an de UK Single Charts ugefaangen. “When You Say Nothing at All” war den Hit aus dem Film Notting Hill. Den Original war e Country Song vum Paul Overstreet an dem Don Schiltz.