
© Tobias SCHWARZ / AFP
Am Joer 1965 hunn d’Beatles e neie Weltrekord opgestallt fir de gréisste Public bei engem Pop Concert. Viru 55,600 Fans huet déi britesch Band am Shea Stadion zu New York gespillt, dorënner waren ënnert anerem och Stars wéi de Mick Jagger a Keith Richard.
3. Nummer 1 Hit an de UK Single Charts fir de King of Pop, Michael Jackson mam Song "I Just Can’t Stop Loving You". Dat war um Dag vun haut virun 31 Joer. De Song war en Duett mam Siedah Garrett. Eigentlech hätt d’Lidd solle mam Whitney Houston oder dem Barbra Streisand opgeholl ginn, ma déi Zesummenaarbecht ass a béide Fäll ni zu staane komm.
"La Tribu de Dana" vun der franséischer Hip Hop Band Manau huet et op Léiffrawëschdag vum Joer 1998 fir 2. Wochen op d’1 vum Eldoradio Chartbreaker gepackt gehat. 1,7 Millioune mol huet sech d’Lidd verkaf. Et sollt de gréissten Hit vun de Museker sinn déi Hip Hop mat keltesche Beats gemëscht hunn.
Gebuertsdag huet haut den Adel Salah Mahmoud Eid El Tawil, besser bekannt als Adel Tawil. Den däitsche Museker ass 2003 duerch seng Zesummenaarbecht mam Annette Humpe als Duo Ich + Ich bekannt ginn, ass awer och solo ënnerwee. Hien kritt haut op engem 15. August 40 Joer.