This Day in Music - 16. AugustPuff Daddy ft. Faith Evans, Will Smith & Madonna

Haut op engem 16. August...

16.08.2018, 09:00:11

© ANGELA WEISS / AFP

Woche Chartbreaker Spëtz fir dee Song deen un den verstuerwen Notorious B.I.G erënnere sollt an et och ëmmer wäert. „I’ll Be Missing You“ vum Puff Daddy an dem Notorious B.I.G senger Fra, dem Faith Evans ass um 16. August 1997 fir ganzer 5. Wochen op d‘1 vum Eldoradio Chartbreaker geklommen. Am Song gëtt de Police Hit „Every Breath You Take“ gesampled. 98 gouf et e Grammy fir di beschte Rap Performance vun engem Duo oder enger Grupp an iwwer 3 Millioune mol ass d’Lidd verkaf ginn.

Um nämmlechten Dag am nämmlechte Joer huet de Will Smith d’UK Single Charts ageholl. „Men in Black“ aus dem Film mam gläichen Numm sollt 4. Wochen d’UK Single Charts dominéieren. E Grammy Award gouf et fir di beschte Rap Solo Performance.

 

D’Queen of Pop huet haut Gebuertsdag. D’Madonna ass de 16. August 1958 am US Bundesstaat Michigan gebuer a kritt haut 60 Joer. Keng Musekerin huet bis haut méi Albe verkaf, a genee dowéinst steet d’Madonna Louise Ciccone, wéi hat mam biergerlechen Numm heescht, am Guinnessbuch vun de Rekorder. Iwwer 300 Milliounen Alben huet d’Sängerin bis haut verkaf. Säi leschten an 13 Studioalbum „Rebel Heart“ ass d’lescht Joer am Februar eraus komm.