This Day in Music - 17. AugustWoodstock Festival, Azad ft. Adel Tawil & The Script

Haut op engem 17. August...

17.08.2018, 09:00:08

© Oeday Abdullah / AFP

De 17. August 1969 war de leschten Dag vum legendären Woodstock Festival, dee bei New York op enger Farm zu Bethel stattfonnt huet. 186.000 Tickete ware verkaf ginn, ma wéinst dem risegen Undrang gouf um éischten Dag matgedeelt de Festival wier fir näischt. Iwwert eng Hallef Millioun Mënsche sinn doropshin op Bethel gepilgert. Um leschten Dag huet nieft dem Jimi Hendrix an The Who och den Joe Cocker gespillt.

 

Den däitsche Soundtrack aus der Serie Prison Break ass an Däitschland fir 8 Deeg un d’Spëtz vun de Charts geklommen. Dat ginn haut um 17. August 11 Joer. De Song mam Titel „Prison Break Anthem (Ich glaub‘ an dich) war vum Azad zesumme mam Adel Tawil. Fir d’éischt stoung de Song e puer Wochen op der Plaz 3, éier et erop op d’Plaz 1 gaangen. 18 Wochen ass d’Lidd an den däitsche Charts bliwwen.

 

Am Joer 2008 ass den éischten Album vun The Script, mam nämmlechten Titel, fir 2. Wochen op d’Plaz 1 vun de UK Album Charts geklommen. D’iresch Museker haten de Longplayer 1. Woch virdrun eraus bruecht. 5 Mol gouf et Platin fir de Album op dem d’Singlen „Breakeven“, „The Man Who Can’t Be Moved“ an och „We Cry“ drop sinn.