
“Good Times“ vun Chic war am Joer 79 e Number One Hit an de US Single Charts, den 2. Number One Hit fir d’Museker ëm de Nile Rodergs, deen haut als Produzent ganz aktiv ass. No „Le Freak“ war am Joer virdrun den éischte Song vun den Museker deen d’Spëtz vun de US Single Charts ageholl hat. „Good Times“ gëtt vum Rolling Stone Maganzin ënnert de 500 beschte Songs vun allen Zäiten gelëscht. E Song dee scho ganz oft gesampled gouf.
Dem britesche Museker Ed Sheeran säin 2. Album „X“ dee sech awer „Multiply“ liest, huet en 8. Woche Stint un der Spëtz vun de UK Album Charts gelant an um 18. August 2014 domat ugefangen. Zanter dem James Blunt am Joer 2005 stoung kee Solo-Kënschtler esou laang ganz uewe vun de UK Album Charts. Iwwer 430 Millioune mol sollt dem Ed Sheeran säin 2. Album alleng am Joer 2014 gestreamt ginn. E Brit Award gouf et fir den Album vum Joer an als Top-Hits sollte sech d’Lidder „Sing“, „Don’t“ a virun allem „Thinking Out Loud“ erausstellen.
De libanesesch-britesche Museker Mika huet haut Gebuertsdag. Hie kritt 35 Joer. „Grace Kelly“ war en éischten Hit vum Museker am Joer 2007. „Life In a Cartoon Motion“ war den dozou passenden Debutalbum.