
© FREDERIC J. BROWN / AFP
2 Chartbreaker Number One Hits op engem 19. August. 21 Joer ass et schonn hier, dat U2 mat “Hold Me, Thrill Me, Kiss Me” 3. Wochen d’Spëtz zu Lëtzebuerg ageholl hunn. De Song war Soundtrack zum Film Batman Forever. Plaz 2 a Groussbritannien an d’16 an den USA si fir d’Museker ëm de Bono erausgesprongen.
Am Joer 2000 stoung d’Jennifer Lopez fir 1. Samschden zu Lëtzebuerg un der Spëtz.“Let’s get loud“ war de Song vum J.Lo sengem Debutalbum „On the 6“. Geschriwwe gouf d’Lidd vum Gloria Estefan, dat de Song am Ufank eigentlech selwer sange wollt. Besonnesch um Song war, dat d’J.Lo de Song an den USA guer net offiziell eraus bruecht huet an de Song trotzdem en Hit ginn ass.
„Mensch“ vum Herbert Grönemeyer sollt a senger Heemecht um 19.08.2002 fir 5. Wochen op d‘1 vun den Charts klammen. Den 11. Album vum Museker hat de nämmlechten Titel. Et sollt dem Grönemeyer säin éischte Number One Hit an den Däitschen Charts ginn. Entstanen ass de Song duerch Schicksalschléi aus sengem privaten Ëmkrees. 4 Joer hat de Museker sech dowéinst och komplett zréckgezunn.