This Day In Music - 20. AugustBlack Eyed Peas, Spiller & Demi Lovato

Haut op engem 20. August...

Leschten Update: 20.08.2018, 11:37:49

© LISA O'CONNOR / AFP

Den elektroneschen Electronic Producer Spiller huet mat de Vocals vum Sophie Ellis-Bextor e UK Single Charts Nummer 1 Hit gelant gehat. Dat war um 20.08.2000 an de Song deen deemools un d’Spëtz geklommen ass hat den Titel „Groovejet“. Draus gesamplet hat de Spiller en Hit aus dem Joer 1970. Et sollt den eenzegen Hit vum Producer ginn. Iwwer 2. Mio mol ass de Song verkaf ginn.

 

1. Samschden 1 vum Chartbreaker am Joer 2005, um 20. August fir d’Black Eyed Peas an “Don’t Lie”. De Song vum Album „Monkey Business“ war den 2. Number One Hit vum Album, no „Don’t Phunk With My Heart“. De Videoclib zu “Don’t Lie” hunn d’Museker a Brasilie gedreint.

 

De Limb Bizkit Sänger Fred Durst huet haut Gebuertsdag. De Museker ass am Joer 1971 gebuer a kritt haut 47 Joer. Mam Album „Chocolate Starfish and the Hot Dog Flavored Water“ hu si am Joer 2000 e groussen Erfolleg gefeiert gehat. Um Longplayer drop waren d’Songs „“Take a Look Around“, „My Generation“ an och „Rollin‘“. Iwwer 50 Milliounen Alben a Placken hu se bis haut verkaf. 

 
Och d'Demi Lovato huet haut Gebuertsdag. D'Musekerin, déi aktuell an enger Entzuchsklinik ass, kritt haut 26 Joer.