
© Eldoradio
„What’s Up“ vun de 4 Non Blondes sollt um 21. August 1993 direkt fir 5. Wochen d’Charts zu Lëtzebuerg anhuelen an op d‘1 vum Eldoradio Chartbreaker klammen. Fir d’Musekerinnen déi sech am Joer duerno getrennt hunn sollt et den eenzegen gréisseren Hit sinn. D’Linda Perry huet d’Band 94 verlooss an zanterhier fir vill grouss Staren Hits geschriwwen. Zanter 2015 steet d’Musekerin an der Songwriters Hall of Fame.
Mat äre Votingstëmmen sinn Hurts haut virun 8 Joer op d’1 zu Lëtzebuerg, am Eldo Chartbreaker geklommen a se sollte 4. Wochen uewe bleiwen. Et war den éischte groussen Hit vum briteschen Duo. Dat war de Song „Wonderful Life“ vun hirem éischten Album „Happiness“. Ma d’Lidd sollt kee wierkleche Nummer 1 Hit ginn. Just zu Lëtzebuerg an a Polen ass de Song op d‘1 geklommen. An Däitschland op d’Plaz 2 an an hirer Heemecht, an de UK Charts ass just d’21 erausgesprongen.
An 3 Joer gëtt et dann haut schonn, dat de Robin Schulz Hit „Sugar“ mat de Vocals vum Francesco Yates d‘1 an Däitschland ageholl huet. 3. Woche sollt de Song, deen de Baby Bash Hit „Suga Suga“ aus dem Joer 2003 gecovert huet, un der Spëtz bleiwen.