This Day In Music - 22. AugustMilli Vanilli, Juanes & Dua Lipa

Haut op engem 22. August...

Leschten Update: 22.08.2018, 11:44:28

© ARMEND NIMANI / AFP

3 Joer ass et hier, dat „Astronaut“, e Sido an Andreas Bourani Hit den Chartbreaker zu Lëtzebuerg ageholl huet. 4. Woche sollt de Song un der Spëtz bleiwen. De Song sollt um 6. Sido Album drop sinn an och Däitschland, Éisträich an an der Schwäiz d‘1 vun den Charts anhuelen.  

2. Number One Hits um Dag vun Haut bei eisen Noperen an Däitschland: Milli Vanilli hu mat „Girl You Know It’s True“ fir 6. Wochen d’Single Charts ageholl gehat. Dat war am Joer 1988. De Song ass e Cover vum Numarx sengem Song aus dem Joer virdrun. Zanterhier gouf et ëmmer nees Coverversiounen, ma keng méi esou erfollegräich wéi déi vu Milli Vanilli.

 An 13 Joer ginn et, dat de Juanes di Positioun ageholl huet. „La camisa negra“ sollt awer nëmmen 8. Deeg un der Spëtz bleiwen. De Columbianer hat de Song als éischte Single vu sengem 3. Album „Mi Sangre“ eraus bruecht.

An haut huet d’Dua Lipa Gebuertsdag. Déi britesch Musekerin kritt 23 Joer.  Mat "Be The One" ass d’Dua Lipa virun 2 Joer grouss duerchgestart. Un der Säit vum Calvin Harris an dem Song “One Kiss“, huet et an dësem Joer en 2. Nummer 1 Hit gelant.