
© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP
Den Awesome Mix Vol. 1, de Soundtrack zum Marvel Film Guardians of the Galaxy ass haut viru 4 Joer zur 1 an de US Album Charts ginn. Et sollt den éischte Soundtrack ouni neie Song ginn, deen et un d’Spëtz vun de US Charts gepackt huet. Déi 12 Lidder vum Album sinn all virdru scho mol erauskomm. Mat drop um Soundtrack sinn e.a den David Bowie mat Moonage Daydream, d Jackson 5 mat I Want You Back oder och de Marvin Gaye mat sengem Ain t no Mountain High Enough.
Dann hunn Duran Duran haut viru 25 Joer hire Stär um Hollywood Walk of Fame kritt!
An de Queen Gitarist Brian May huet haut virun 11 Joer seng Uni fäerdeg gemaach! 36 Joer nodeems hie säi Ph.D op Äis geluecht huet fir Rockstar ze ginn, huet hie seng Doktorsaarbecht an der Astrophysik agereecht. Domat ass de Brit, deen an de 70er Jore op Teneriffa Fuerschungen ugestallt huet an och 2 Dissertatiounen erausbruecht hat, um Enn nach e Joer méi frei fäerdeg ginn, wéi en dat eigentlech ugeholl a geplangt hat.