This Day In Music - 24. AugustQueen, Everything but the Girl & Incubus

Haut op engem 24. August...

Leschten Update: 27.08.2018, 06:52:57

© JEAN-CLAUDE COUTAUSSE / AFP

Queen sollten haut virun 43 Joer ufänke „Bohemian Rhapsody” an de Rockfield Studios a Wales opzehuelen. D’Opnamen hunn 3. Woche gedauert a waren intensiv vum Freddie Mercury preparéiert ginn. Si hu bis zu 12 Stonnen den Dag ëmmer nees hir Deeler agesongen, fir dat hir Stëmmen duerno bis zu 180x konnten iwwertenee geluecht ginn.

 

De briteschen Duo Everything But The Girl huet um Dag vun haut virun 22 Joer e Rekord an de US Charts gebrach. Um 24. August 1996 stoung hire Song „Missing“ fir di 55. Wochen hannerteneen an de US Single Charts. Esou laang stoung virdru nach ni e Song an den Charts. De Rekord dee gebrach gouf war aus dem Joer 1963, a gouf vun The Four Seasons‘ December iwwer 30 Joer virdrun opgestallt.

 

Incubus sinn 2. Samschdeger zur Nummer 1 am Eldoradio Chartbreaker ginn. Dat ass um 24. August 2002 fir eng éischte Kéier gewiescht. Hire Nummer 1 Hit dréit den Titel „Are You In“ a war drop um Album „Morning View“, dem 4. Album vun de Museker. D’Museker selwer sinn iwwert de Succès vum Song iwwerrascht gewiescht. D’Lidd huet relativ wéineg Text, ma et ass e Song deen d’Fans bei all Live-Optrëtt feieren.