This Day in Music - 14. DezemberAdele & Bela B.

Haut op engem 14. Dezember...

Leschten Update: 14.12.2018, 07:08:32

© Eldoradio

An haut huet de Bela B. vun den Ärzte Gebuertsdag. Enner Dirk Felsenheimer ass hien 62 op d’Welt komm a kritt haut 56 Joer. Mam Farin Urlaub huet hien 1982 d’Band Die Ärzte gegrënnt. No enger teschenzäitlecher Trennung ass d’Band Ufank der 90er grouss duerchgestart. Nieft den Toten Hosen zielen d’Ärzte zu den erfollegräichsten däitsche Bands mat Punkrock-Wuerzelen.

 

15 Joer méi spéit sollt um 14. Dezember de Saturday Night Fever Film zu New York Premiere féieren. Zum Soundtrack hunn e.a Songs vu Kool & The Gang, K.C. & the Sunshine Band an och de The Bee Gees gehéiert. Am Film selwer huet den John Travolta d’Haaptroll gespillt.

 

An 3. Joer ginn et dat dem Adele säi “25” zäitgläich an den USA an an de UK op d’1 vun den Album Charts geklommen ass. Den Album sollt e rise Succès ginn a Rekorder briechen. Mat iwwer 20 Millioune Sales  zielt den Album zu de Best-Sellings vun allen Zäiten. Drop sinn „Hello“, „When We Were Young“ an och „Water under the Bridge“.