This Day in Music - 13. DezemberBoney M., Fanta 4 & Taylor Swift

Haut op engem 13. Dezember...

Leschten Update: 14.12.2018, 07:12:23

© Robyn Beck / AFP

42 Joer ass et haut hier dat de Boney M. Song « Daddy Cool » fir 1. Woch an Däitschland zur 1 ginn ass. Di däitsch Museker hu sech no enger Rëtsch vun Trennungen 2015 erëm zesumme gedoen a maachen haut tatsächlech nach Musek. Daddy Cool war hiren éischte vu 7. Nummer 1 Hits an Däitschland.

 

Den 13. Dezember haut ass dem Taylor Swift säi 29. Gebuertsdag. 15 Joer ass hat elo am Museksberäich aktiv. Ufanks nach am Country Beräich, ass d’Musekerin vu Reading, Pennsylvania zum Popstar opgestigen. Haut zielt et zu den erfollegräichste Musekerinne vun allen Zäiten. Iwwer 40 Milliounen Alben a Singlen huet et verkaf, dobäi kommen iwwer 130 Milliounen Download Singlen.

 

De britesche Rapper Dizzee Rascal sollt mat "Bonkers" a "Dance with Me" 2 Hits landen. Den haut 34 ass awer net ëmmer positiv opgefall. Haut virun 10 Joer huet hien no engem Streit am Stroosseverkéier en aneren Automobilist mat engem Baseballschleier attackéiert. Duerno gouf hie verhaft.

 

A bei der 215. A leschter Editioun vu Wetten, dass..? sinn haut viru 4. Joer e.a die Fantastischen Vier opgetrueden. 2 Songs, hiren „Und los“ an hiren „25“ hu si live gespillt.